Lass geet et mat engem Pilotprojet op der N11. Beim Waldhaff gëtt op enger Streck vu 4 Kilometer d'Duerchschnëttsvitess gemooss.

D'Testphas wäert am Hierscht 2019 ufänken an de Radar soll Ufank 2020 a Betrib goen.

D'Ponts et Chaussées hunn déi Streck erausgesicht, dat huet den Transportminister François Bausch en Dënschdeg dem DP-Deputéierten André Bauler an der Chamber geäntwert.

AUDIO: Extrait François Bausch

Mat de Radaren hätt ee bis ewell vill geféierlech Plazen entschäerft, sou nach de François Bausch