Am US Bundesstaat Pennsylvania duerf Uber nees Tester mat autonomen Autoen op de Stroosse maachen.

Dat huet den amerikanesche Konzern en Dënschdeg bekannt ginn.

Uber huet am betraffene Bundesstaat ee Fuerschungszenter fir autonom Gefierer. Am Mäerz hat sou een Auto am US Bundesstaat Arizona eng Passantin iwwerrannt. Uber hat doropshin op verschiddene Plazen an Nordamerika Tester mat sou Ween virleefeg op Äis geluecht. Lo hunn d'Autoritéite vu Pennsylvania awer gréng Luucht ginn, dass de Konzern nees sou Tester duerf duerchféieren.