Et wär eng vun de Konsequenzen, wann d'Produktioun vun elektroneschen Autoen opgewäert géif ginn.

Dat wëll déi däitsch Noriichtenagence DPA aus gutt informéierte Kreesser matkritt hunn.

De Plazenofbau kéint awer nëmmen zustane kommen, wann d'Reegelunge vun der Deelzäitaarbecht voll géifen epuiséiert ginn. D'Plaze géifen deemno nëmme gestrach ginn, wa Persoune fräiwëlleg géife goen.

Grond vun deem Personalofbau ass, dass d'Produktioun vun Elektro-Gefierer manner opwänneg ass.