Ënner anerem wéinst Verontreie vu Sue sëtzt de Carlos Ghosn zu Tokio an engem Prisong.

De fréiere Chef vun Nissan an nach Chef vu Renault, Carlos Ghosn bleift an Untersuchungshaft. Dat huet ee Geriicht zu Tokio decidéiert. Hie soll elo bis den 1. Januar inhaftéiert bleiwen. Dës Rallonge baséiert op engem neie Mandat d'Arrêt, deen de japanesche Parquet eréischt e Freideg ausgestallt hat.

De Carlos Ghosn war den 19. November festgeholl ginn. Him gëtt ënnert anerem d'Verontreie vu Sue reprochéiert. Nach en Donneschdeg hat ee Geriicht eng Verlängerung vu senger Inhaftéierung zeréckgewisen. Alles huet drop higewisen, dass de féiere Manager vu Renault op Kautioun kéint fräi kommen.

Den Dag selwer gouf dunn een neie Mandat d'Arrêt decidéiert. De Carlos Ghosn gëtt verdächtegt, ee perséinleche Verloscht vun Investissementer an Héicht vu 16 Milliounen Dollar op Nissan iwwerdroen ze hunn. De Mann war och laang Manager vum japaneschen Autoskonstrukteur.