De Verkéiers-Minister Andreas Scheuer hat um Freideg d'Obligatioun op den Dësch geluecht, fir bei der Hardware vu méi alen Dieselen nozebesseren.

Volkswagen huet awer direkt reagéiert an d'Cliente gewarnt, datt esou eng Norüstung negativ Konsequenze kéint hunn.
De Verbrauch kéint erop goen an d'Fiabilitéit vum Auto kéint leiden.