Den Automobilmanager Carlos Ghosn, deen a Japan am Prisong sëtzt, huet e Méindeg viru Geriicht op en neits betount, dass hien onschëlleg wier.

Hie géif zu Onrecht beschëllegt ginn, huet et an enger schrëftlecher Deklaratioun vum PDG vu Renault geheescht. Seng Inhaftéierung huet hien als net justifiéiert bezeechent. Wéi aus senger Deklaratioun ervir geet, hätt hie legal a mam Wëssen an dem Accord vun den zoustännegen Gremien gehandelt.

De Riichter huet iwwerdeems d'Untersuchungshaft fir de Carlos Ghosn als legitimme bezeechent. Wéi et heescht, géif Fluchtgefor bestoen. Donieft misst verhënnert ginn, dass dee Beschëllegten Beweiser verfälscht. De Manager war den 19. November festgeholl ginn. Hie gëtt verdächtegt a Japan jorelaang ee vill ze niddregt Akommes deklaréiert a sech um Firmekapital vum Autosproduzent Nissan beräichert ze hunn.