De fréiere Chef vun Nissan Carlos Ghosn gouf elo an engem weidere Punkt vum japanesche Parquet ugeklot.

Dat huet d'Bezierksgeriicht um Freideg bekannt ginn.

De Mann sëtzt dem Ament jo zu Tokio an Untersuchungshaft.

De Parquet geheit dem 64 Joer ale Manager schwéiere Vertrauensbroch vir an de Verstouss géint d'Betribsgesetzer.

Nieft dem Carlos Ghosn gouf och seng fréier riets Hand souwéi den Autoskonzern selwer wéinst dem Verstouss géint d'Gesetz fir Finanzinstrumenter a Finanzhandel ugeklot.

De Greg Kelly, deen an tëscht op Kautioun fräigelooss gi war, an de Carlos Ghosn waren den 19. November zu Tokio festgeholl ginn.