Enn 2018 koum et zur Fusioun tëscht der Adal a Fegarlux. Zanterhier triede si als "Fedamo", Fédération des Distributeurs Automobiles et de la Mobilité op.

Dës nei Federatioun vertrëtt eng 180 Entreprisen a 5.000 Mataarbechter. Bis zur nächster Generalversammlung, bleiwen de Philippe Mersch, bis d’lescht Joer President vun der Fegarlux an de Benji Kontz, President vun der Adal un der Spëtzt vun der fusionéierter, neier Federatioun. En neie Conseil gëtt op der nächster Assemblée générale genannt.

Invité am Journal: Philippe Mersch President Fédamo
Enn 2018 koum et zur Fusioun tëscht der Adal a Fegarlux. Zanterhier triede si als "Fedamo", Fédération des Distributeurs Automobiles et de la Mobilité op.

De fréieren ADAL-President Benji Kontz erkläert, datt béid Federatiounen déi lescht Jore gutt zesummegeschafft hunn an et dohier just logesch war, fir ze fusionéieren. No der Fusioun ass d'Fedamo eng vun de gréisste Federatiounen am Land an et huet een esou e gewëssen politeschen an ekonomesche Poids.

AUDIO: Extrait Benji Kontz

Et ass dann och d'Fegarlux, déi op den Autosfestival invitéiert. Tëscht dem 26. Januar an dem 4. Februar kann de Client an den eenzele Garagë d'Konditiounen a Präisser matenee vergläichen. Iwwer 64.000 Gefierer goufen d’lescht Joer bei der SNCA ugemellt. De Gros, bal 53.000, waren nei Autoen. Deemno e gutt Joer fir d'Distributeuren, betount och de Philippe Mersch, fréiere President vun der Fegarlux a Co-President vun der neier Federatioun. Et nach ze toppe gëtt schwéier, ma iergendwann kënnt een u seng Limitten. Et gëtt awer nach Plaz no uewen, well d'Weichen an déi richteg Richtung ginn. D'Produiten developpéiere sech méi an d'Leit interesséiere sech och lues a lues fir nei Zorte vu Motorisatioun.

AUDIO: Extrait Philippe Mersch (1)

Bis ewell kommen d'elektresch an déi hybrid Ween awer net richteg an d'Gäng. Bis elo gouf et natierlech nach net esou vill Offeren um Maart, wat awer aktuell am Gaangen ass, sech ze änneren. An den nächsten 2 Joer wäerten och där Produite vu méi bekannte Marken erauskommen, wat dozou wäert bäidroen, datt déi Autoe méi verkaf ginn.

AUDIO: Extrait Philippe Mersch (2)

75 Concessionnaire maache bei der 55. Editioun vum Autosfestival hei zu Lëtzebuerg mat. An deenen 10 Deeg gëtt mat iwwer 30 Dausend Visiteure gerechent.

AUDIO: Autofestival 2019 / Reportage Christophe Hochard