Den ADAC huet zejoert ee Rekord vu ronn 745.000 Stauen op den däitschen Autobunne registréiert, déi op eng Längt vun 1,5 Millioune Kilometer kommen.

Net nëmme bei eis, mä och bei eisen däitschen Noper mussen d'Automobilisten dacks vill Gedold am Stroossentrafic hunn. Den ADAC huet zejoert ee Rekord vu ronn 745.000 Stauen op den däitschen Autobunne registréiert. An der Moyenne gouf et deemno iwwer 2.000 Stauen den Dag. Dat ware knapp dräi Prozent méi Stauen wéi am Joer 2017.

D'Längte vun de Stauen sinn ëm ronn fënnef Prozent gewuess a koumen op ongeféier 1,5 Millioune Kilometer, wat ongeféier 38 mol den Tour ronderëm d'Welt ass. Am ganze waren d'Automobilisten gezwongen 459.000 Stonnen am Stau ze verbréngen. Nordrhein-Westfalen ass dat Bundesland an Däitschland an dem et mat 35% déi meeschte Staue ginn, hannendru komme Bayern a Baden-Württemberg.