Am Automobilsecteur gëtt et vill Onrou, dat sot de President vun der Federatioun vun den Autosconstructeuren de leschte Méindeg bei eis am Interview.

A knapp enger Woch fänkt den Autosfestival un, mir hunn eis ugekuckt wat sech laut Koalitiounsaccord an den nächste Joren ännere kéint.

© RTL

Primm fir Elektro-Gefierer

An der zoustänneger Chamberkommissioun sot de Minister der Presse et géif een Dag a Nuecht dru schafen, nach wärend dem Autosfestival eng Primm ze lancéieren. Detailer si keng bekannt.

© RTL

Diesel-Verbuet

Vum Dieselverbuet geet kloer net riets, ma op d'Decisiounen am Ausland huet ee vu Lëtzebuerg aus wéineg Méiglechkeeten Afloss ze huelen.

© RTL

Steieren op Pëtrolspräisser

Wat Bensins- an Dieselgefierer ugeet, wëll ee laut Koalitiounsprogramm dëst Joer nach d’Besteierung um Pëtrol upassen, fir d’Ziler vum Paräisser Klimaofkommes ze erreechen, riets geet vun e puer Cent.