De Carlos Ghosn sëtzt zanter 2 Méint a Japan am Prisong. An der Nuecht op en Donneschdeg huet hien als President vu Renault demissionéiert.

De Verwaltungsrot vu Renault decidéiert nach um Donneschdeg, wien dem Carlos Ghosn säi Successeur gëtt.

Den Autosproduzent hätt e Mëttwoch den Owend Demissioun vum fréiere Manager geschéckt krut, sou de Bruno Le Maire. De franséische Staat ass dee gréissten Aktionär bei Renault. Do virdrun hate schonn déi japanesch Konzerner Nissan a Mitsubishi de Carlos Ghosn als Chef vum Verwaltungsrot ofgesat. Hie war Mëtt November a Japan verhaft ginn a sëtzt zanterhier an Untersuchungshaft. Hie kritt virgeheit jorelaang een ze niddregt Akommes bei Nissan deklaréiert ze hunn.