Déi technesch Kontroll vun de Gefierer gëtt ee gudde Krack méi deier. Domat ass sinn ë.a. Konsumenteschutz an Oldtimerfrënn awer guer net averstanen.

Fir ee Bensinner oder Diesel-Won kascht et zënter dem 1. Februar 2019 52 Euro. Fir Elektrogefierer sinn et 46 Euro. Fir historesch Ween sinn et der 69 a fir Motorrieder a Quaden 39 Euro.

AUDIO: Nei SNCT-Tariffer a vill Reaktiounen: Rep. Pit Everling

Dat hat fir ganz vill Reaktioune gesuergt, en Dënschdeg, 5. Februar huet d'Direktioun vun der technescher Kontroll reagéiert an e Communiqué erausginn. Et misst ee konform zu europäesche Gesetzer sinn an als "Société commerciale" misst ee seng Fraisen decken. Dofir wier ee forcéiert, d'Tariffer eropzesetzen. Bannent 20 Joer wier et och elo eréischt fir d'sechst, datt een d'Präisser eropgesat hätt an déi viregt Haussë wiere manner bedeitende gewiescht.

Derbäi kéim, dass d'Intervallen an deenen d'Ween duerch d'technesch Kontroll mussen, verlängert goufen an d'Käschte geklomm sinn.

D'SNCT präziséiert och, datt een an d'Qualitéit investéiert hätt an a vum 18. Februar u funktionéiert eng nei Informatik fir professionell Clienten a vum 4. Mäerz u fir privat Clienten. Dobäi geet et ënnert anerem ëm d'Aart a Weis, fir Rendez-vousen unzefroen.

Vill negativ Reaktiounen

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz fuerdert, datt déi Präishausse bei der SNCT direkt réckgängeg gemaach gëtt. D'Kontroll vu Gefierer ass jo ëm bis zu 44% méi deier ginn.

D'ULC schwätzt vun enger "onverschimmter" Hausse a stellt d'Fro, ob esou de gratis ëffentlechen Transport soll finanzéiert ginn.


Och d'LOF, dat ass d'Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun, ass net frou. An hirem Schreiwes seet si, datt si "dénonce l’augmentation impudente d’entre 39% et 84% des prix des contrôles techniques de la SNCT". D'Präishausse misst direkt réckgängeg gemaach ginn.

Den ACL wëll net, datt d'Automobiliste weider penaliséiert ginn a schreift: "Les membres de l’ACL sont nombreux à s’insurger contre l’augmentation tarifaire importante annoncée par la SNCT pour le contrôle technique. Et ils ont raison, car cette augmentation conséquente des prix (après une hausse en 2016), même si elle a été décidée par une Société Anonyme pour des raisons commerciales, porte une emprunte clairement politique."

D'Präishausse bei der SNCT ass och den Sujet vun enger Parlamentarescher Fro vun de Piraten. Den Deputéierten Marc Goergen freet ënnert anerem wat dës Augmentatioun rechtfäerdegt a wéi eng Verbesserungen duerch d'Hausse solle kommen.

Och d'Deputéiert Léon Gloden a Mars Di Bartolomeo hate parlamentaresch Froe gestallt.

En Dënschdeg hunn d'Ministere François Bausch a Paulette Lenert geäntwert. Ënnert anerem heescht et an hirer Äntwert, d'Recettë vun der SNCT hätten näischt mam Budget vum Staat ze dinn.

Fir d'Amal, Anciennes Motos au Luxembourg, ass dës Hausse e Witz, fräi nom Motto "Wat freet den Noper, da froe mer och esouvill". D'Präisser fir d'Oldtimer kënne si sech just erklären, datt bei der SNCT elo Experten engagéiert goufen.

An: D'Kontrollstatioun Luerenzweiler ass fir een drëtten zukünftegen Operateur.

Hei déi nei SNCT-Präisser

Prix des contrôles techniques périodiques (TTC)

Voiture à moteur thermique ou hybride 52,00€
Voiture à moteur électrique 46,00€
Véhicule historique 69,00€
Taxi à moteur thermique ou hybride 70,00€
Taxi à moteur électrique 64,00€
Camionnette, véhicule utilitaire 52,00€
Remorque ou semi-remorque d’une masse maximale autorisée supérieure à 750kg et ne dépassant pas 3.500kg 34,00€
Motocycle avec ou sans side-car, tricycle, quadricycle 39,00€
Autobus, autocar 104,00€
Camion, tracteur de remorque, tracteur de semi-remorque, machine automotrice, dépanneuse, véhicule à usage spécial 94,00€
Remorque ou semi-remorque d’une masse maximale autorisée supérieure à 3.500kg 84,50€
Tracteur et machines agricoles de plus de 3.500kg 89,50€

Suppléments

Véhicule ayant plus de deux essieux, supplément par essieu supplémentaire 20,00€
Réception à titre isolée (RTI) 16,00€
Véhicule GPL/CNG 7,00€


Autre prix

Délivrance d'un duplicata du certificat de contrôle technique 10,50€


Prix des contrôles techniques suite à un rejet (TTC)

  Recontrôle avec
passage sur la fosse
Recontrôle sans
passage sur la fosse
Voiture (tout type de motorisation)    30,00€    25,00€
Voiture historique    30,00€    25,00€
Taxi (tout type de motorisation)    30,00€   25,00€
Camionnette, véhicule utilitaire    30,00€   25,00€

  Recontrôle
tarifs uniques
Autobus, autocar  68,00€
Camion, tracteur de remorque, tracteur de semi-remorque, machine automotrice, dépanneuse, véhicule à usage spécial  68,00€
Motocycle avec ou sans side-car, tricycle, quadricycle  28,00€
Remorque ou semi-remorque d’une masse maximale autorisée supérieure à 750kg et ne dépassant pas 3.500kg  29,00€
Remorque ou semi-remorque d’une masse maximale autorisée supérieure à 3.500kg  68,00€
Tracteur et machines agricoles de plus de 3.500kg  68,00€

Nieft der SNCT bitt an Tëschenzäit jo och d'Dekra de Service vun der Kontrollstatioun un.

Hei den Iwwerbléck vun den Dekra-Präisser:

Prix des Contrôles techniques obligatoiresTarifs                   
Voiture automobile à personnes 59€
Camionette & véhicule utilitaire 59€
Taxi 74€
Autobus & autocar 106€
Camion, tracteur de remorque, tracteur de semi- remorque, machine automotrice, dépanneuse & véhicule à usage spécial 96€
Tracteur 90€
Motocycle, tricycle & quadricycle 39€
Remorque ou semi-remorque d'une masse maximale autorisée supérieure à 750 kg et ne dépassant pas 3.500 kg 34€
Remorque ou semi-remorque d'une masse maximale autorisée supérieure à 3.500 kg 86€
Supplément pour le contrôle d'un véhicule ayant plus de deux essieux, le supplément étant facturé pour chaque essieu supplémentaire 20€
Duplicata Certificat contrôle technique 10€

Prix des Contrôles techniques suite à un rejetTarifs
Voiture automobile à personnes 16€
Camionette & véhicule utilitaire 16€
Taxi 25€
Autobus, autocar 38€
Camion, tracteur de remorque, tracteur de semi-remorque, machine automotrice, dépanneuse, véhicule à usage spécial 38€
Tracteur 38€
Motocycle, tricycle, quadricycle 15€
Remorque ou semi-remorque d'une masse maximale autorisée supérieure à 750 kg et ne dépassant pas 3.500 kg 15€
Remorque ou semi-remorque d'une masse maximale autorisée supérieure à 3.500 kg 38€