Däitschland wäert de Peage op Autobunnen an Natioanlstroossen wuel däerfen aféieren. Eng Klo vun Éisträich géint déi däitsch Maut, misst ofgewise ginn.

Am Sträit tëscht Éisträich an Däitschland ëm déi däitsch PKW-Maut gouf et e Mëttwoch de Moien um Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg e Réckschlag fir Wien: De schwedeschen Avocat Général Nils Wahl huet der Cour nämlech mat op de Wee ginn, fir d'éisträichesch Klo dogéint ze verwerfen. An Éisträich sollt déi eege Käschten droen an déi vun Däitschland iwwerhuelen ...

AUDIO: Éisträich vs däitsch PKW-Maut / Reportage Eric Ewald

Als Entlaaschtung fir de Peage op däitschen Autobunne kréien däitsch Autosbesëtzer jo manner Auto-Steier ze bezuelen. Dat wier awer keng Diskriminéierung vun auslänneschen - also och lëtzebuergeschen - Automobilisten, seet den Avocat général vum EuGH a proposéiert dowéinst d'Klo ofzeweisen.

Wat den europäeschen Geriichtshaff da wuel och wäert maachen.

Natierlech sinn et just Recommandatiounen, déi den Avocat général der Cour mat op de Wee ginn huet; et wär dann och scho méi dacks geschitt, dass d'Cour sou Recommandatiounen net nokënnt. Et kéim awer och net dacks vir, sou den Antoine Briand, Attaché de presse vum Europäesche Geriichtshaff, dass een EU-Memberstaat deen anere virun den Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg zitéiert ...

Dat definitiivt Uerteel gëtt sech an e puer Wochen, maximal an 3 Méint erwaart.   

De Peage soll am Oktober 2020 agefouert ginn.

"Mir kucken eis d'Konklusioune vum Avocat général elo mol a Rou un an hoffen, dass den Europäesche Geriichtshaff awer eis nokënnt!" Dat sot den éisträicheschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg um Mëttwoch de Moien, nodeems den Avocat général der Cour recommandéiert hat, d'Klo vun Éisträich géint déi däitsch PKW-Maut ze verwerfen.

Dem Gregor Schusterschitz seng Reaktioun dorop war kloer. Hie war iwwerrascht an hofft weiderhin, dass de Geriichtshaff der Recommandatioun vum Avocat général net géif nokommen. Dat hätt et och scho bei aneren Uerteeler ginn.

AUDIO: De Gregor Schusterschitz

Offiziell Conclusioun:

"L’avocat général Wahl propose que la Cour de justice rejette le recours formé par l’Autriche contre la nouvelle redevance d’utilisation du réseau autoroutier allemand"

Le fait que les propriétaires de véhicules immatriculés en Allemagne bénéficient d’une exonération de la taxe allemande sur les véhicules automobiles, d’un montant correspondant au montant de la redevance, ne constitue pas une discrimination en raison de la nationalité

Am Hierscht 2020 soll d'PKW-Maut lancéiert ginn. Da missten d'Automobilisten, fir kënnen op enger däitscher Autobunn ze fueren, eng Vignette bezuelen. Fir däitsch Chauffeure géif dat awer net gëllen, déi géifen iwwert d'Autossteier entlaascht ginn. Éisträich ass mat dëser Iddi awer net averstanen an hat eng Plainte beim Geriichtshaff deposéiert. Den Avocat général war wéi gesot net der selwechter Meenung a proposéiert d'Plainte ze verwerfen.