Den Dieselskandal huet den Autosproduzent Volkswagen bis elo, eegenen Donnéeën no, 28 Milliarden Euro kascht.

Eleng d'Affekotekäschten hätte sech an tëscht op eng dräistelleg Zomm a Milliounenhéicht summéiert. Déi Responsabel vu VW ginn och fir 2019 dovun aus, dass et ee Joer mat vill Aarbecht gëtt.

Volkswagen hat am September 2015, no Enquête vun den amerikaneschen Autoritéiten, zouginn, dass weltwäit a ronn 11 Milliounen Dieselautoen eng illegal Software agesat gouf. An Däitschland wëllen an tëscht Honnertdausende vun Diesel-Chauffere Schuedenersatz fuerderen a sech enger Sammelklo géint den däitschen Automobilproduzent uschléissen.