Zanter dem Joer 2002 gëtt um Contournement vun Dippech-Gare gedoktert.

Zil ass et jo, déi Dausende vun Automobiliste virun der zouener Barrière ze evakuéieren an domadder d'Liewensqualitéit vun den Awunner ze verbesseren.

Schonn am Joer 2012 sollt dee "klenge Contournement", wéi d'Ëmgoungsstrooss genannt gëtt, fäerdeg gebaut sinn. Well e Proprietär säin Terrain, e Stéck vu 44 Ar, net wollt hierginn, koum et zum aktuelle Retard.

Fréijoer 2020 geet et lass mam Contournement Dippech-Gare
Zanter dem Joer 2002 gëtt um Contournement vun Dippech-Gare gedoktert.

D'Bauzäit vum Contournement ronderëm Dippech-Gare läit tëscht 2 an 2 an hallwem Joer. D’Ausschreiwunge ginn elo am Juli lancéiert. Eng 17 Milliounen Euro kaschten dës Aarbechten.