Concernéiert wiere VW Poloen aus de Fabrikatiounsjoren 2018 an 2019, wéinst Problemer mat der Handbrems.

Eleng an Däitschland wiere knapps 65.000 Gefierer betraff. Et geet ëm Gefierer, déi op der hënneschter Achs mat Trommelbremsen equipéiert sinn. Betraff sinn d'Autoe mat bis zu 95PS. Vun enger Leeschtung vun 115PS un si Scheiwebremsen amplaz vun Trommelbremse verbaut.

D'Garage solle préiwen, ob eventuell den Hiewelwee vun der Handbrems sech verlängert huet. Ass dat de Fall, muss d'Brems nogestallt ginn an eventuell d'Stellschrauf mat enger Kontermudder geséchert ginn.