Zënter enger hallwer Éiwegkeet verlaangen d’Gemengeresponsabel vun Dippech e Contournement.

Vu Muttwell wär deen net. Staark belaascht ass virun allem d'N5. D'Haptstrooss tescht Käerjeng an Dippech. An de Spëtzestonne fueren souwuel moies wéi owes bis zu 18.000 Gefierer duerch. Sollt bis ewell net bis virun 2030 versicht ginn, dës Iddi an d'Dot ëmzesetzen, huet déi nei Regierung déi Pläng changeiert. An der Prioritéit gouf dëse Contournement vun 3 op 2 erofgesat.

An anere Wierder et soll mei séier versicht ginn, d'Strooss ze bauen.

Aktuell leien 2 verschidde Varianten um Dësch. A noer Zukunft ass eng Entrevue tëscht Gemengevertrieder an dem Minister François Bausch geplangt.

Aus der Vue vun de Gemengeresponsabele wären zwou Variante vun dësem Contournement virstellbar. D'Nord- an d'Südvariant. Bei der 1. geif d'Strooss hannert Schuller laanschtgoen. D'Südvariant géif tëscht Betten un der Mess a Sprénkeng passéieren.