Bis 2022 sollen am Ganze 15 Milliarden € agespuert ginn, esou de Bram Schot. Ënner anerem an den Direktiounsgremie ginn 10% vun de Plazen ofgebaut.

Och bei der Motore gëtt en Deel vun der Offer gestrach, all drëtt Variant soll aus dem Programm geholl ginn.

Audi wëll an Zukunft verstäerkt an d'Elektromobilitéit investéieren a sech op de chinesesche Marché konzentréieren.

Fir de Constructeur vun Ingolstadt sinn et den Ament schwiereg Zäiten. Ënner anerem d'Diesel-Affären an d'Ëmstellung op déi nei Norm WLTP hunn Audi staark zougesat.