D'Tesla-Butteker sollen zoumaachen, d'Personal entlooss ginn. E puer Geschäfter sollen nach bleiwen, dat fir ze presentéieren an z'informéieren.

En neien Auto keeft ee klassesch an engem Garage, beim engem Händler. Tesla wëll dat änneren a seng Elektroautoe just nach iwwert den Internet verkafen. Domadder wëll ee Käschte spueren.

D'Tesla-Butteker sollen zoumaachen, d'Personal entlooss ginn. E puer Geschäfter sollen nach bleiwen, dat fir ze presentéieren an z'informéieren. En Tesla-Auto soll een op der ganzer Welt kënne bannent enger Minutt op sengem Smartphone kafen.

Anescht kéint een net wirtschaftlech schaffen, seet de Chef Elon Musk.

Eng sougenannt Probefahrt wäert et dann och net méi ginn. Mä an der 1. Woch a mat 1000 Meilen, déi ee gefuer ass, ronn 1600 Kilometer, kritt een all seng Suen zréck.

De Chef vun Tesla Elon Musk sot och, datt een an den éischten 3 Méint vun dësem Joer net mat engem Benefice rechent, mä vum zweete Quartal dëst Joer un soll et dann awer schwaarz Zuele bei Tesla ginn.