Den ëffentlechen Transport gëtt fir déi eng vum 1. Mäerz 2020 u gratis - a fir déi aner gëtt e méi deier.

Vum 1. Mäerz 2020 un gëtt den ëffentlechen Transport gratis fir déi zweete Klass. D'Tariffer vun der 1. Klass géifen onchangéiert bei 660€ bleiwen, sou hat de Mobilitéitsministère et schonn e Mëttwoch kommunizéiert. Ma dat gëllt awer net fir déi Léit déi een M-Pass hunn.

Et gëtt fir déi Eng vum 1. Mäerz 2020 un also gratis a fir déi Aner méi deier. Leit déi an der zweeter Klasse fueren, kënnen an Zukunft jo, wei gewosst, fir näischt mam Zuch a mam Bus fueren. Fir all déi Leit déi awer een M-Pass haten an de Supplement fir déi 1. Klasse bezuelt hunn, gëtt et definitiv méi deier, dat confirméieren de e Freideg de Moien op Nofro hin d'CFL an de Mobilitéitsministère.

Den M-Pass huet, jee no Betrib oder staatlech Administratioun wou ee schafft, een anere Betrag. Staatsbeamten hunn zum Beispill bis ewell 150€ fir den M-Pass bezuelt. Aner Leit bezuelen iwwerhaapt näischt fir den M-Pass, well hire Betrib d'Fraisen dofir iwwerhëlt an sou ginn et ganz ënnerschiddlech Montanten. Maximal, ouni Hëllef vum Betrib, kascht den M-Pass iwwregens 440€ d'Joer. De Supplement fir déi 1. Klass kascht fir e ganz Joer 220€. Sou kënnt een op 660€ wann de Betrib keng Fraisen iwwerhëlt.

Komme mer zum Beispill zeréck bei de Staatsbeamten. Dee krut de M-Pass bis ewell ëmmer fir 150€. Zesumme mam Supplement fir déi éischte Klass huet et de Beamten 370€ kascht fir ee Joer laang an der 1. Klass ze fueren. Mam gratis ëffentlechen Transport fält den M-Pass awer ewech an et kascht da 660€ fir mat der 1. Klass ze fueren. Dat wären also 290€ méi wéi den Ament.

Dat heescht déi 1. Klass gëtt méi deier fir d'Leit mam M-Pass? D'Dany Frank, d'Porte-Parole vum Mobilitéitsministère: „Dat ass richteg. Dat kann een esou confirméieren. Et ass effektiv esou, dass bis elo den M-Pass beim Staat zum Beispill 150€ kascht huet. Do konnt een e Supplement bezuele fir an der 1. Klass ze reesen.  Elo ass et esou, dass jo den Endpräis fir d'éischt Klasse vu 660€ da vum Mataarbechter ganz gedroe gëtt.“

Am Deierste gëtt et natierlech fir déi Léit, déi ëmmer schonn d'M-Kaart vun hirem Betrib fir näischt kruten. Amplaz vun 220€, bezuelen si an Zukunft 660€ also 440€ méi wei virun dëser Mesure.
Iwwregens bleift de Präis vun den Dages- a Kuerzzäitbilljeeë fir déi 1. Klass de selwechten. 6€ fir een Dagesbilljee an 3€ fir ee Kuerzzäitbilljee mat dem een 2 Stonne laang ka fueren.

De Gouvernement hat e Mëttwoch nach matgedeelt, datt den ëffentlechen Transport fir kee méi deier géif ginn, wat awer fir verschidde Leit net de Fall ass.