D'Aarbechte sollte eigentlech am Laf vun 2019 fäerdeg ginn. Deen Datum huet sech awer elo bis an d'Joer 2022 verréckelt.

De Stau virum provisoresche Rondpoint um Belval fir a Richtung Frankräich wäert nach e bësse bleiwen. Bis 2022 dauert et nach, bis d'Liason Micheville direkt mat der Escher Autobunn verbonnen ass. Zil vun deem Raccord ass natierlech, de Verkéier um Belval ze reduzéieren.

De Ralph Di Marco vun de Ponts et Chaussées erkläert d'Léisung, déi Entlaaschtung soll bréngen. Vun der Autobunn erof, iwwer eng Bréck iwwert engem neie Contournement bei Éilereng, ronn annerhallwe Kilometer laanscht den Quartier Raemerech, duerno iwwert d'N31 a Richtung Suessem, direkt an den Tunnel eran. D'Aarbechten hu schonn ugefaangen.

AUDIO: Extrait Ralph Di Marco (1)

© Domingos Oliveira

D'Bréck iwwert der N31 a Richtung Suessem an och den neie Contournement Éilereng an d'Bréck op där Plaz, kéinte scho bis Enn dës Jores fäerdeg sinn, confirméiert de Ralph Di Marco. De Chantier zitt sech aus anere Grënn bis 2022: De Projet ass readaptéiert ginn. Well dee Projet esou grouss ass, ass decidéiert ginn, fir d’Ausschreiwungen net en bloc ze maachen, mä an zwee Lousen anzedeelen. Do dobäi kennt nach, dass an Tëschenzäit d’Konstruktioun vum Südspidol direkt nieft dem Rondpoint Raemerech geplangt ginn ass. Do musse mir dann och den Accès zum Parking garantéieren.

AUDIO: Extrait Ralph Di Marco (2)

D'Südspidol gëtt dohi gebaut, wou fréier déi kleng Hobbygäert waren. Den Accès iwwert de Rondpoint Raemerech géif duerch eng kleng Bréck, respektiv eng Passerell garantéiert ginn, esou d'Ponts et Chaussées nach.

© RTL-Grafik