E Chantier, deen e Sonndeg lass geet, kéint fir Problemer am Trafic zu Stroossen suergen.

Vun der Ouschtervakanz gëtt profitéiert: Verkéierstechnesch bedeit dat zum Beispill e gréissere Chantier zu Stroossen op der Areler Strooss, wat och an enger Vakanz fir Staue suerge dierft.

Wéinst engem Neibau muss d'Areler Strooss opgerappt ginn. Grond si Reseausaarbechten, déi ustinn. D'Gebai, wat vis-à-vis vun der Autobunnsopfaart gebaut gëtt, wäert un d'Waasser-, Stroum- an Internetversuergung ugeschloss ginn.

D'Aarbechte sinn an 3 Phasen agedeelt, de Sonndeg den Owend um 20 Auer geet et lass.

Well d'Verdeelerkëscht op der anerer Säit vum Neibau steet, muss iwwer déi ganz Breet vun der Areler Strooss opgerappt ginn.

Déi 2. Phas vun dësem Schantje geet vun dënschdesmëttes bis mëttwochs, deen Ament gëtt den Trafic aus Richtung Stad op eng Bunn ëmgeleet a mat roude Luuchten gereegelt.

Déi lescht Phas fänkt dann e Mëttwoch un an dauert bis den Donneschdeg den Owend, 18. Abrëll.

Geschafft gëtt awer och am Irgäertchen, wou jo bis Enn vum Joer en Turbo-Rond-point entstoe soll.

Dëse Weekend muss een allerdéngs eng Deviatioun fueren, well aus dem Kreesverkéier kënnt ee net op d'Opfaart vun der A1, der Tréierer Autobunn a Richtung Treier, also och net op de Kierchbierg.

Bis e Sonndeg den Owend muss een dowéinst iwwer de Findel fueren, fir um Sennengerbierg den Uschloss un d'Autobunn ze huelen.

De Grond fir dës Deviatioun si Kanalaarbechten, déi de Weekend duerchgefouert ginn.