An Däitschland sinn 2 Milliounen Diesel-Autoe bei hirer Software nach net um neiste Stand. Dat deelt den däitsche Verkéiersministère zu Berlin mat.

Déi däitsch Automobilproduzenten hunn deemno en décke Réckstand, fir den néidegen Update bei de concernéierten 6.3 Millioune Ween z'installéieren.

Déi gréng Partei an Däitschland kritiséiert de Verkéiersminister Andreas Scheuer.

Esoulaang de Scheuer bei de Rappeller net géif op den Tempo drécken, hätt hien d'Responsabilitéit fir nach méi Fuerverbueter an den däitschen Stied, esou de grénge Verkéiersexpert Stephan Kühn.