Um Dënschdeg de Mëtteg koum et op der A7 virum Mierscher Tunnel a Richtung Stad zu engem Accident tëscht Camion an Auto.

Den Accident war géint 16.20 Auer. D'Ponts et Chaussées haten eng Spur gespaart, wärend den Auto an de Camion op der Pannespur stoungen.

Et goung deementspriechend e bësse méi lues op där Plaz.

Kuerz virdru war schonn en Accident op der A7 a Richtung Norden, dëst am Tunnel Stafelter. Deen Accident huet fir massive Stau gesuergt, deen och bis op d'A1 zeréckgaangen ass.