Elo scho fueren eng Rëtsch Gefierer op eise Stroossen zum Deel vum selwen. D'Konstrukteure schaffen un Technologien, ma wéi ass et mat den Infrastrukturen?

AUDIO: Autonom Gefierer / Reportage Pit Everling

An Etappe gëtt dat automatiséiert Fuere weider gedriwwen, bis d'Autoe sech an en enger Rei Jore komplett autonom wäerte beweege kënnen, dat ass op d'mannst Zil.
D'Konstrukteure schaffen un den Technologien. Ma wéi ass et mat den Infrastrukturen?

D'Piraten hunn op alle Fall hir Zweiwel, datt autonom Gefierer mat de Lëtzebuerger Stroosse gutt eens ginn, op d'mannst den Ament géingen et do nach eng ganz Rei Schwieregkeete ginn.

An enger parlamentarescher Fro un den zoustännege Minister François Bausch goufen d'Detailer gefrot.

Den Deputéierte Marc Goergen verweist drop, datt Gefierer vun der Stuf 2 op de Lëtzebuerger Stroosse mat Problemer konfrontéiert wieren, zum Beispill enger schlechter Beschëlderung oder Stroossemarkéierung, sou wéi och Chantieren.

De Minister erkläert, datt de Level 2 nach net am Code la route virgesi wier an nëmme fir Testzwecker méiglech wier. Bei der genannter Stuf 2 géing de Chauffeur och nach ëmmer d'Geschécker selwer leeden, déi respektiv Assistente missten iwwerwaacht an eventuell Feeler direkt korrigéiert ginn.

Wat den Zoustand vum Lëtzebuerger Stroossereseau ugeet, géingen op den Autobunnen déi héchst Standarden agehale ginn, dat selwecht gëllt fir d'Virfaartspanneauen op de Kräizunge vun de Landstroossen. Fir d'Schëlter, déi de Wee weisen, gëllt de Grad drënner. Op de Staatsstroosse gi pro Joer iwwerdeems 10.000 Schëlter ersat.

Wat d'Markéierung um Buedem ugeet, do ginn d'Säitestrécher op den Autobunnen zum Beispill eemol d'Joer nogezunn. Op de Landstroosse wier dat awer net méiglech.

Et wier trotzdeem sou, datt eleng wéinst dem Wieder eng Verschlechterung vun der Qualitéit bei der Beschëlderung ëmmer gi wier. Dofir missten d'Fuerassistente capabel sinn, fir och eng degradéiert Beschëlderung kënnen ze liesen.

De Parlamentarier Goergen verweist drop, datt d'Assistente fir d'Spur ze halen, sech un de Linnen orientéieren, ma op ville Landstroosse géing d'Mëttellinn awer zum Beispill feelen.

Op de Landstroosse wieren d'Markéierungen esou gemaach ginn, fir de Chauffer méi ze responsabiliséieren, äntwert de Minister Bausch. Eng Mëttellinn, déi feelt, géing bewierken, datt de Chauffer sech méi misst konzentréieren, op d'Strooss an op d'Ëmfeld. Déi selwecht Philosophie gëllt fir 30er Zonen a fir déi sougenannt „Zones de rencontre“.

De Prinzip wier deen, datt autonom Gefierer sech un d'Ëmfeld missten upassen an net ëmgedréit.
Dës Zort vu Fuere wier op klenge Stroossen an an den Uertschaften eréischt applicabel, wann d'Fuerassistenten déi Situatiounen och meeschtere kéinten. Et wier dovunner auszegoen, datt dat autonoomt Fuere wahrscheinlech fir d'éischt um Autobunnsreseau erlaabt wäert sinn.

Wat d'Informatioun iwwer eventuell Riske vum autonome Fueren ugeet, wäert de Mobilitéits- an Infrastrukturministère dat zesumme mam Konsumenteschutzministère maachen, wann d'autonoomt Fueren da bis eng Realitéit zu Lëtzebuerg gëtt.