D'Bezierksgeriicht vun Tokio huet e Méindeg de Moie bekannt ginn, datt eng weider Plainte géint de Carlos Ghosn deposéiert gouf.

Dem 65 Joer alen Ex-Manager gëtt ee weidere Vertrauensbroch reprochéiert. Wéi eng japanesch Noriichtenagence mellt, géif d'Plainte am Zesummenhang stoe mat Iwwerweisungen un een Associé am Oman. De Ghosn soll tëscht 2015 an 2018 am ganze 15 Milliounen Dollar aus de Keese vun Nissan un eng Entreprise an den Noen Osten transferéiert hunn. Een Deel dovun hätt hie fir privat Zwecker benotzt an ënnert anerem eng Luxusyacht domat finanzéiert.

De Carlos Ghosn war wéinst dësen neie Virwërf de 4. Abrëll op e neits festgeholl ginn, just ee Mount, nodeems hien no ronn honnert Deeg aus der Untersuchungshaft entlooss gi war. Seng aktuell Untersuchungshaft, déi eréischt virun zéng Deeg verlängert gi war, geet nach bis haut. Seng Affekote kéinten elo op e neits eng Fräiloossung op Kautioun ufroen.