An zwou verschidde Phase ginn d'Op- an Offaarten um Echangeur Käl amenagéiert.

An der éischter Phase, vun e Mëttwoch um 20 Auer bis en Donneschdeg um 16 Auer, sinn d'Opfaart vun der A13 aus Richtung Diddeleng/Beetebuerg betraff an och d'Offaart an déi selwecht Direktioun. En Donneschdeg um 20 Auer start dann déi zweet Phase, déi bis e Freideg um 16 Auer geet. Hei sinn d'Opfaart fir a Richtung Esch/Péiteng, respektiv d'Offaart op d'A13 an déi selwecht Richtung betraff.

D'Deviatioun lafen, je no Chantier, iwwert den Echangeur Schëffleng, respektiv den Echangeur Bireng an d'N31.