Vun e Freideg Hallefnuecht u läit de Maximalpräis fir de Liter 95er bei 1,285 Euro, dat ass e Plus vun 2,5 Cent.

De Maximalpräis fir de Liter 98er geet och e gutt Stéck erop, an zwar ëm 2,2 Cent op dann 1,376 Euro.

De Präis vum schwiefelaarme Masutt (50 ppm) klëmmt ëm 1,8 Cent op 0,675 Euro de Liter.

Dann ass et nach eng Hausse vum Mélange 2-T, deen och ëm 2,2 Cent op 1,899 Euro pro Liter klëmmt.