Tëscht Ettelbréck an Ëlwen, respektiv Ettelbréck an Dikrech, an tëscht Esch-Uelzecht a Rodange wäerten Enn Mee bis Ugangs Juni zou sinn.

Op der Linn 10 ass d'Streck tëscht Ettelbréck an Ëlwen vum 25. Mee bis den 2. Juni gespaart. Tëscht Ettelbréck an Dikrech fuere keng Zich de Weekend vum 25. a 26. Mee esou wéi den 1. an 2 Juni.

Dann ass et op der Linn 60 d'Streck tëscht Esch a Rodange zou, dat vum 25. Mee bis den 2. Juni.

Op alle Strecke ginn Ersatzbusser tëscht den eenzele Garen agesat. D'Detailer fannt der am Communiqué vun den CFL.