Et war gewosst, dass de Chantier vum Tram an den nächste Joren fir Problemer géif suergen, mä wann et da bis souwäit ass, gëtt een awer kal erwëscht.

Zanter e Méindeg ass een Deel vun der Aler Avenue fir d'Automobiliste gespaart, d'Deviatioune sinn zwar gezeechent, mä fir sech am Garer Quartier, wou ëmmer vill Betrib ass, elo erëmzefannen, ass guer net sou einfach.

Den Automobilisten, déi d'Hollerecher Strooss erop, respektiv d'Diddenuewener Strooss erofkommen, kann ee just roden, fir op d'Rocade de Bonnevoie ze fueren.

Deene Leit, déi iwwer d'Penetrante Süd kommen, kann ee just roden, och weider op der Rocade de Bonnevoie ze bleiwen.

Am Fall, wou der eng Persoun op den Zuch bréngt oder siche kommt, de 'Kiss and Rail' gouf an d'Parkhaus vun den CFL verluecht, deen elo eng hallef Stonn Gratis ass.

Wien mam Vëlo op der Gare ënnerwee ass, dee soll virop emol gutt op sech oppassen. Tëscht verluerenen Automobilisten a ganz ville Bussen. An der Aler Avenue gëtt et elo eng extra Vëlosspur, déi awer op der Héicht vun der rue du Fort Bourbon ophält.

2020 soll se weider iwwer d'Al Bréck, an d'Uewerstad goen. Bis dohin, heescht et am Verkéier, op der Gare, ferm op d'Zänn bäissen. Wéi sot d'Stater Buergermeeschtesch: 2020 gëtt dat schwéierst Joer.