De Leederwon asbl vu Betzder organiséiert dëse Weekend déi 5. Editioun mat historesche Kutschen.

Samschdes, den 18. Mee sinn d'Kutsche vun 10 Auer u vun Hengescht op Klierf (Hengescht, Hëpperdang, Ischpelt, Klierf) an d'Foussgängerzon a mëttes géint 13 a 14 Auer geet es nees zréck op Hengescht (Klierf, Reiler, Ischpelt, Hëpperdang, Hengescht) Sonndes, den 19. Mee da vun 10 Auer vun Hengescht op Maarnech bei den Akafszenter. Duerno geet et géint 11.30 Auer vu Maarnech op Munzen. Hei sinn d'Gespaner op dem Fest vum Ardennerpäerd ze gesinn.