De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet en Dënschdeg um Hallefnuecht ëm 2,1 Cent erop op dann 1,164 Euro de Liter.

Och de schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt méi deier: 2,3 Cent geet deen erop op 0,695 Euro de Liter. Déi selwecht Hausse gëtt et dann och beim schwiefelaarme Masutt (50 ppm), deen op 0,688 Euro de Liter klëmmt.

Da klëmmt nach den Äerdgas: Hei mécht d'Hausse 1,5 Cent aus op 0,815 Euro de Kilo.