De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 3,4 Cent erof op dann 1,130 Euro de Liter.

Och de schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt méi gënschteg: 3,5 Cent geet deen erof op 0,660 Euro de Liter, de schwiefelaarme Masutt (50ppm) fält ëm 3,3 Cent op 0,655 Euro de Liter.

Da fällt nach den Äerdgas: Hei mécht d'Baisse 2,4 Cent aus op 0,791 Euro de Kilo.