Den italienesch-amerikaneschen Autoskonstrukteur huet seng Offer un de franséische Konkurrent e Mëttwoch den Owend zeréckgezunn.

Wéi et vu Säite vu Chrysler heescht, wieren déi politesch Viraussetzunge fir eng Fusioun a Frankräich den Ament net ginn.

Do virdrun hat de Verwaltungsrot vu Renault eng Decisioun iwwert eng méiglech Fusioun op Demande vun der franséischer Regierung reportéiert.

Fiat Chrysler hat d'Offer u Renault Uganks lescht Woch offiziell gemaach. Duerch eng Fusioun wier den drëttgréissten Autosproduzent vun der Welt no Volkswagen an Toyota entstanen, mat all Joer knapp 9 Milliounen neien Autoen.