Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres ass fir eng CO2-Steier, allerdéngs missten d'Bierger op enger anerer Plaz entlaascht ginn.

Dat seet de Portugis an engem Interview mat der "Süddeutschen Zeitung".

Fir datt d'Iddi vun enger CO2-Steier akzeptéiert géif ginn, missten d'Leit op enger anerer Plaz manner bezuelen, do proposéiert de Guterres zum Beispill d'Akommessteier ze reduzéieren. Esou datt kee manner am Porte-Monni hätt. Esou kéinten d'Populisten de Sujet och net fir hir Cause ausschluechten, mengt den UNO-Generalsekretär.