Betraff sinn also d'Strecken Lëtzebuerg-Ëlwen, Lëtzebuerg-Esch-Rodange a Lëtzebuerg-Beetebuerg-Nanzeg.

Op der Linn 10 ass d'Streck tëscht der Stad an Ettelbréck vu méindes dem 22. bis mëttwochs de 24. Juli gespaart. D'Linne 60 an 90 sinn tëscht der Stad a Beetebuerg net méi ze befueren, datt vu samschdes dem 13. bis sonndes den 21. Juli.

An alle Fäll ginn Ersatzbussen agesat, déi d'Zuchlinne sollen ersetzen.

Dann deelen d'CFL weider nach mat, datt och am August a September wäert geschafft ginn.

Och hei nees ass d'Linn 10 betraff, dat vun direkt 3 Chantieren. Tëscht Ettelbréck an Dikrech fiert keen Zuch vum 24. August bis de 15. September, tëscht Ettelbréck an Ëlwen vum 24. August bis de 15. September an tëscht der Stad an Ettelbréck vum 27. bis den 29. September.

E weidere Chantier gëtt et dann op der Linn 30, Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier. Do ass d'Streck Éiter-Tréier zou, vum 24. August bis den 8. September an de Weekend vum 14. a 15. September. Awer och nach tëscht Lëtzebuerg an Éiter, dat de Weekend vum 28. an 29. September.

Weider ass fir deen Zäitraum e Chantier op de Linne 60 an 90 geplangt. Dat och nees tëscht der Stad a Beetebuerg vum 19 bis den 23. August.