De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 4,2 Cent erof op dann 1,063 Euro de Liter.

Och de schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt méi gënschteg: 4,6 Cent geet deen erof op 0,586 Euro de Liter, de schwiefelaarme Masutt (50ppm) fält ëm 4,4 Cent op 0,585 Euro de Liter.

Da fält nach den Äerdgas: Hei mécht d'Baisse 3 Cent aus op 0,744 Euro de Kilo.