Eng grouss Etapp an der Entwécklung vum Lëtzebuerger Eisebunnsnetz, déi en Dënschdeg offiziell ageweit gouf.

Vun elo un geet et offiziell mam Zuch vum Nord-Kapp vun der Stater Gare aus duebelgleiseg an Direktioun Osten. Vun Enn vum Joer u soll de Passagéier dann och am Alldag vun deem Ausbau vun der Stréck Direktioun Treier profitéieren. Mat op d'mannst zwee Zich d'Stonn, sou de Marc Wengler, CFL Generaldirekter.

Wann den Zuch an der Sortie vun der Gare Lëtzebuerg bis deen éischten 100 Meter laangen Tunnel, ënnert dem Boulevard d'Avranches erduerch, hannert sech huet, da lount sech d’Vue op d’Kuliss vun der Stad. Op deem Ament ass den Zuch um neie Viaduc Polvermillen: 242 Meter, eng Struktur aus Metall, mat enger Dall aus Beton armé. D’Stréck féiert weider iwwer eng scho spektakulär Topographie.

10 Joer laang gouf an de Fiels eragebuddelt. Brécke goufe gebaut. D'Erklärung, firwat den Ausbau vu 6,6 Kilometer um Enn 462 Milliounen Euro kascht. Zwou Garen, déi vu Cents-Hamm a Sandweiler-Contern goufe moderniséiert. Och d‘Barrière um Cents ass verschwonnen. Nei Quaien erlaben dann och, fir méi laang Zich anzesetzen.

Iwwer 600 Euro op de Kapp pro Joer ginn den Ament zu Lëtzebuerg an d'Infrastruktur vun der Eisebunn investéiert, sou de François Bausch. De Präis fir Lëtzebuerger a Frontalier vum Individualverkéier eriwwer op ënner anerem den Zuch ze kréien, sou de Minister.

2023, nom weideren Ausbau vun der Gare Lëtzebuerg a wann déi nei Stréck Beetebuerg-Lëtzebuerg bis op ass, da soll och ee ganz neie Fuerplang d'Zuchfueren hei am Land nach méi attraktiv maachen. 2005 hunn d’CFL 14 Millioune Passagéier transportéiert. 2017 waren et net grad 23 Milliounen.

Haut fuere ronn 1.000 Zich den Dag um Lëtzebuerger Reseau.

AUDIO: CFL weit Viaduc an / Reportage Danielle Goergen