Nodeem sech d'Bierger vun Hesper an Alzeng via Facebook mobiliséiert a Revendicatioune gestallt hunn, reagéiert elo den zoustännege Minister.

Tëscht 11.000 a 17.000 Gefierer, jee no Etüd, fueren all Dag duerch Hesper. Dat huet Konsequenzen: D'Gaasperecher Strooss ass déi mat den héchsten NOx-Ofgas-Wäerter, also Stéckstoffdioxid-Wäerter am Land. Eng Rei Bierger hu sech elo iwwert d’Internetplattform Facebook mobiliséiert, fir sech fir e Contournement anzesetzen. D’Grupp huet mëttlerweil iwwer 900 Memberen. Eng vun deene Memberen hat d’Revendicatioune vun hirem Grupp an engem Reportage bei de Kollege vun der Tëlee erkläert, den Dag dono reagéiert de Bauteminister.

AUDIO: Hesper Contournement / Reportage Fanny Kinsch

D’Biergergrupp „Fir en Hesper /Alzenger Contournement“ fuerdert d’Ëmsetze vun engem Projet, dee scho ganz laang an der Diskussioun ass, erkläert d'Fabienne Even vun der Initiative.

„Ech sinn en Hesper-Meedchen an ech war schonn an der Primärschoul, do ass vun deem Contournement geschwat ginn. Et ass bis elo awer nach net méi wäit, wéi déi Zäit.“

2004-2005, wéi d'Pläng vum Ban de Gaasperech konkret goufen, ass och d’Diskussioun ëm e Contournement tëscht lokalen an nationalen Autoritéite relancéiert ginn. Zanterdeem goufen och ënnerschiddlech Tracéë proposéiert. Bei enger Reunioun 2017 hätt d‘Gemeng an Aussiicht gestallt kritt, datt d’Biergerconsultatioun zum Projet nach am selwechte Joer sollt kommen, seet den CSV-Deputé-Maire vun Hesper Marc Lies.

„Annerhalleft Joer drop, op reegelméisseg Nofroe vun eiser Säit, ob dat elo an der Chamberkommissioun, ob dat iwwer Question parlemantaires, ob dat awer och am Numm vun der Gemeng Hesper de Fall war, hu mer bis elo nach ëmmer kee zouverlässegen Datum, wéini déi Consultation publique géif stattfannen.“

Den Hesper Contournement ass ee vun de komplizéiertste Projeten, déi hien an de leschte fënnef Joer hätt missen ugoen, seet sengersäits de gréngen Infrastruktur-Minister François Bausch.

Well mir sinn hei an engem Gebitt, wou déi verschidde Variante vum Contournement entweder duerch eng Natura 2000-Zon oder duerch en europäescht klasséiert Vulleschutzgebitt geet, seet de Minister.

Dat heescht, datt nieft den Avise vum Ëmweltministère, vum Waasserwirtschaftsamt a vum Landesplanungsministere brauch de Minister och de Go vu Bréissel.

„Ech mengen, mir si jo awer all ewell, wann ech dat esou héiere lénks a riets, sensibiliséiert, dat mer Aarteschutz solle seriö huelen. Also kann ech hei net egalwat decidéieren. An duerfir muss déi Prozedur hei strengstens gekuckt ginn. Ech muss och den Interet publique majeur beweisen an, datt et keng aner Méiglechkeet gëtt, wéi dat do ze maachen.“

Den Ament géif hien op e leschten Avis vum Ëmweltministère waarden, esou de François Bausch. Duerno fänkt déi ëffentlech Consultatiounsprozedur un, wärend där alleguer déi betraffe Bierger Abléck an de Projet hunn an och d’Gemengen hiren Avis ginn. Eréischt da kann de Minister der Regierung eng Propositioun maachen. Wéi laang et nach dauert, bis de Projet realiséiert gëtt, kann de François Bausch net aschätzen.