Dieselautoen mat Hardware norëschten, fir datt se manner NOX, also Stéckoxiden ausstoussen, ass net sou einfach wéi ee ka mengen.

De grénge Mobilitéitsminister François Bausch an den Energieminister Claude Turmes erklären an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der ADR, datt bei mi ale Modeller et méi „problematesch“ ass Hardware anzebauen. An der Tëleessendung „Frontal21“ war ee Beispill gewise ginn, wou dat einfach geklappt huet.

D’Regierung géing d’Entwécklung an dësem Beräich awer vun no suivéieren, a fir d’Emissiounen ze reduzéieren, wieren aner Usätz gesicht ginn. De François Bausch an de Claude Turmes nennen hei als Beispiller d’Primme fir Elektro- an Hybridautoen.