De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Mëttwoch um Hallefnuecht ëm 1,5 Cent erop op dann 1,078 Euro de Liter.

Och de schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt méi deier: 1,7 Cent geet deen erop op 0,603 Euro de Liter. De schwiefelaarme klëmmt ëm de selwechte Montant op 0,602 Euro de Liter.

Da klëmmt nach den Äerdgas: Hei mécht d'Hausse 1,1 Cent aus op 0,755 Euro de Kilo.