Eng vun den neisten Innovatioune "made in Luxembourg" weit grad emol 49 Kilo. D’Batterie kann ee wéi eng Wallis nozéien.

An funktionéieren deet dat ganzt mat Hëllef vun enger App, déi ee sech um Smartphone installéiere kann.

De U-Jet, de Scooter vun der Zukunft an dee fiert zënter kuerzem hei op eise Stroossen. A produzéiert gëtt de U-Jet zu Lëtzebuerg.

Mir waren eis an d’Fabrick ukucken, wéi deen Electro-Scooter gebaut gëtt a goufen dunn och gewuer, wat dann eigentlech d’Geschäftsiddi derhannert ass.