De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet en Donneschdeg um Hallefnuecht ëm 1,3 Cent erop op dann 1,091 Euro de Liter.

Och de schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt méi deier: 1,3 Cent geet deen erop op 0,616 Euro de Liter. De schwiefelaarme klëmmt ëm 1,4 Cent op 0,616 Euro de Liter.

Da klëmmt nach den Äerdgas: Hei mécht d'Hausse 0,9 Cent aus op 0,764 Euro de Kilo.