Gemooss gouf, wéi laang datt et dauert, wann een ukomm ass, fir vum Fliger aus dem Fluchhafen eraus an den Auto ze kommen.

Et ass ee knapps erëm um Buedem, da geet d'Lafen un. Aus dem Fliger, duerch de Fluchhafen, bei d'Wallis. Wann déi ukomm ass, da geet et dacks Richtung Auto. Um Findel geet dat an der Moyenne séier, an zwar a 15,5 Minutten. Domadder ass de Fluchhafen aus dem Grand-Duché op der éischter Plaz vun der Statistik.

D'Firma Blacklane GmbH huet Zäiten op der ganzer Welt gemooss, an 300 Stied, an iwwer 60 Länner. De Findel ass zum Beispill viru Rotterdam a London City, den Trajet dauert do 16 respektiv 21 Minutten. D'europäesch Fluchhäfen sinn generell gutt klasséiert, der Etüd no, well d'Kontrollen méi einfach wieren. Natierlech geet et an de klenge Fluchhäfen - ewéi um Findel - méi séier, well d'Distanze méi kuerz sinn. D'Zuel vun de Passagéier misst awer näischt heeschen, de Fluchhafen vu Frankfurt ass zum Beispill mat 30 Minutten effikass, och wa bis zu 61,8 Millioune Leit do passéieren. Op der leschter Plaz ass Japan: am Kansai International Airport bei Osaka dauert et ronn 80 Minutten, ier een dobaussen ass.