Ee Code um Vëlo, un der Trottinette oder um Skateboard erméiglecht et der Police de Proprietär vum Gefier ze fannen.

Am Kader vum Dag "Alles op de Vëlo" e Sonndeg bitt d'Police zu Koplescht de Codage vum Vëlo, der Trottinette oder dem Skateboard un. Wann de Vëlo geklaut gëtt, verluer geet an dann erëm iergendanzwousch opdaucht, da kann d'Police kucken, wéi ee Besëtzer bei de Code passt. Dat géif och déi ofschrécken, déi ee codéierte Vëlo klaue wéilten, heescht et um Site vun der Police.