Am Juni goufen an Europa knapp 8 Prozent manner Autoen nei immatrikuléiert wéi nach dat Joer virdrun.

An der Europäescher Unioun goufen am Juni 1,45 Milliounen Autoen nei immatrikuléiert. Dat sinn 7,8 Prozent manner wéi lescht Joer ëm déi selwecht Zäit. Déi europäesch Associatioun vun den Autosconstructeuren (ACEA) huet dës Zuelen e Mëttwoch publizéiert.

Dës Baisse kënnt haaptsächlech doduerch, dass de Juni dëst Joer nëmme 19 verkafsoppen Deeg hat. Am Joer virdru waren et der nach zwee méi.

Gläichzäiteg schéngt sech dëst Joer awer och e méi allgemengen Trend ofzezeechnen. An den éischte sechs Méint vum Joer goufen alles an allem 3,1 Prozent manner Autoen ugemellt wéi zejoert.

Och zu Lëtzebuerg goufen am Juni manner Autoen nei ugemellt wéi nach dat Joer virdrun. 2019 waren et der 5.199. Zejoert am Juni waren et der nach 5.627.

Allgemeng mécht Lëtzebuerg deen Trend awer net mat. Wärend lescht Joer an den éischte sechs Méint 30.655 Autoen am Grand-Duché nei ugemellt goufen, sinn et der dëst Joer schonn 31.123.

Ee vun de Grënn fir de Réckgang an enger Rei europäesche Länner ass, dass ënnert anerem an Däitschland déi nei Prozedur, fir den CO2-Ausstouss ze préiwen, scho lescht Joer am September agefouert gouf. Zanterhier haten eng Rei Constructeure Schwieregkeete verschidde Modeller ze liwweren, well déi néideg Zertifizéierunge gefeelt hunn.

D'Produktiounsausfäll belaaschten zanterhier d'Konjunktur vun der Automobilbranche an Europa.

Am Juni gouf et dowéinst an Däitschland 4,7 Prozent manner nei Immatrikulatiounen. Och a Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien ginn d'Zuelen zeréck.

Bei de Constructeuren huet den däitsche VW-Konzern mat all senge Marken eng Baisse vun 9,5 Prozent am Verglach zum Joer virdru verzeechent. Bei BMW gesäit et ähnlech aus a bei Daimler louchen d'Zuelen 7,6 Prozent ënnert deene vum Joer virdrun.