Op d'Kritik vum Konsumenteschutz heescht et aus dem Ministère, datt d'Leit besser ewechkomm sinn, wa se bis den 1. Juli e Joresabo geholl hunn.

Vum 1. Juli u gi guer keng Joresabonnementer méi verkaaft, et muss ee bis Februar 2020 Mountsabonnementer zum volle Präis huelen, heescht et aus dem Mobilitéitsministère.

Dat war awer esou gerechent ginn, dass ee bis Juli besser ewechkomm ass, wann een e Joresabo geholl huet an e puer Méint verléiert, wéi fir déi selwecht Zäit en Abonnement op de Mount ze kafen.

Eenzeg Ausnam sinn hei awer d'Betriber mat M-Pass. Déi kréien e pro-rata verrechent, Privatleit dogéint awer net.

D'Joresabonnementer fir déi éischt Klass ginn awer nach weider verkaf, well déi lafe jo och nom 1. Mäerz 2020 weider.

Kritik vun ULC: Scho bezuelten Abonnementer ginn net rembourséiert

D’ULC gëtt an engem Communiqué e Beispill: Wann een e Jores-Abonnement um 1. Juni dëst Joer kaf huet, hätt een den 1. Mäerz d’nächst Joer, wann de gratis ëffentlechen Transport agefouert gëtt, kee Recht drop, sech de Rescht rembourséieren ze loossen.

Fir de Konsumenteschutz kënnt dat enger "Ofzocke vun de Consommateuren vum ëffentlechen Transport duerch den Transportministère" gläich. Et géif een och zweiwelen, ob dat esou iwwerhaapt legal wier.

Bei der Auto-Steier kéint een en Deel vun der Vignette rembourséiert kréien, firwat also net och en Abo fir de Bus oder den Zuch, freet sech d’ULC.