Virum Depart an d'Vakanz kann ee säi Campingcar eng Kéier kontrolléiere loossen an zwar vun der Police.

Vum nächsten Donneschdeg un organiséiert d'Police de la Route ee gratis Service, fir d'Campingcars ze kontrolléieren. Dëst op hirem Site zu Bartreng.

D'Zil vun dëser Aktioun, déi vun 9 bis 13 Auer leeft, ass et, fir d'Accidenter vu Campingcars, déi ze vill weien, ze reduzéieren.

Nieft der Kontroll vum Gewiicht vum Campingcar kann een och eppes iwwer seng Pneuen oder Pabeieren gewuer ginn.

D'Adress:

Unité de la Police de la Route

21a, rue du Chemin de Fer

L-8057 Bertrange

Luxembourg