En interessanten Rendez-Vous war am Süden vum Land um Sonndeg.

Am Fond-de-Gras war et nämlech déi 6. "Journée Vieille Carrosserie".

Bis zu 150 al Gefierer konnt een um historesche Site bewonneren. Ma, net nëmmen d'Frënn vun den Oldtimer koumen hei op hir Käschten, mä och déi vun den alen Zich.