D'Stad Lëtzebuerg rappelléiert nach eemol, datt vum 4. August un eng Rei Changementer am Stroosseverkéier ronderëm d'Ënneschtgaass ufalen.

D'Aarbechten um Tramsreseau brénge Verännerungen am Stroosseverkéier fir motoriséiert Gefierer a Vëloe ronderëm d'Ënneschtgaass mat sech. Am Detail geet et dobäi ëm d'Zirkulatioun an der Rue Notre-Dame, Chimay a Philippe II.